Scho säit iwwer 25 Joer gëtt an deenen 2 Nordstadgemengen Dikrich an Ettelbréck Jugendaarbecht geleescht, aus där dann och di 2 Jugendhaiser Ettelbréck an Dikrich entstane sinn. 2007 gëtt dunn d’Jugendaarbecht op regionale Plang ausgebreet an d’Norstadjugend a.s.b.l. gëtt gegrënnt mam Ziel Jugendaarbecht an deene 6 Nordstadgemengen (Bettenduerf, Colmar-Bierg, Dikrich, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren) ze garantéieren.
2013 schléisse sech d'Gemengen der Nordstadjugend un, 2016 kënnt Befort an 2019 Bourschent mat dobai. Demno emschléisst d'Nordstadjugend am Joer 2019 insgesamt 10 Gemengen.
Nët nëmmen op der Landkaart huet sech d'Nordstadjugend vergréissert , och an den Déngschtleeschtungsberaicher koumen Offeren dobai. Niewt der regioneler Jugendaarbecht , an de Jugendhaiser Dikrich an Ettelbréck an der Koordinatioun vun deene vereenzelte Beräicher, koum am Joer 2015 de Service "Jugendwunnen" dobai, dee Jonken am Alter tëscht 18 a 26 Joer a Wunnéngsnout zur Hand goe soll, an ingesamt iwert 20 Zëmmere verfügt.
2018 huet d'Nordstadjugend de Ludobus kaaft, e mobile Spillmobil, deen uechter d'Gemengen ënnerwee a bei di Jonk op den Terrain fiert.
Nieft de Raimlechkeeten, der alldeeglecher Betreiung an der Ulaafstell, déi deene Jonken an den 2 Jugendhaiser zur Verfügung stinn, ginn an der Regioun iwwert d’Joer verschidde Projet’en, Aktivitéiten a Workshope zu deenen ënnerschiddlechsten Themen ugebueden (Kultur, Sport, Präventioun, Informatioun,…).
Aktuell schaffen 11 qualifizéiert Mataarbechter fir d'Nordstadjugend.

Bettendorf.www.bettendorf.lu
Dikirch.www.diekirch.lu
Feelen.www.feulen.lu
Mäerzeg.www.mertzig.lu
Beefort.www.beaufort.lu
|
Colmar-Bierg.www.colmar-berg.lu
Ettelbréck.www.ettelbruck.lu
Ierpeldeng.www.erpeldange.lu
Schieren.www.schieren.lu
Bourschentwww.bourscheid.lu
|