de bilan fir eis arbescht

Wat d'Mobilitéit ugeet, ass festzestellen, dass di Jonk aus der Nordstad iwer gudd Transportverbindungen innerhalb vun der Regioun verfügen. Sou ginn et besipillsweis regelméisseg Zuchverbindungen an deenen 2 grousse Gemengen Dikrich an Ettelbréck awer och an deene reschtlechen 4 Nordstadgemengen kann een sech problemlos mam Bus deplacéieren. D'Erreechen an d'Notzen vun den Nordstad-Offeren ass also all Jonkem aus der Nordstad mat dem öffentlechem Transport méiglech.
Duerch déi no-bei-eneen-laiend Gemengen get eng regionale Orientéierung vun deene Jonke visible: Jonker beweegen sech am Laaf vun der Woch, bzw am Laaf vum Dag iwer di eegen Gemengegrenz ewech, duerch di ganz Nordstad an deelweis suguer doriwer eraus. Besonnech d'Schoulgemengen hu fir ji Jonk e wichtege Stellewaert. An der Schoul ginn net seelen Frëndschafte mat Jonken déi net aus der Nordstad komme geschloss, déi dann och deelweis hiir Fräizäit mateneen verbréngen. An deem Kontext kann een nach erwähnen, dass deeglech ronn 8000 Schüler / Jonker, déi net an der Nordstad wunnen, an d'Nordstad kommen fir sech do opzehaalen. En Deel vun dese Jonken benotzen Strukturen vun eise Jugendhaiser während de Mettëgpausen a sinn soumat potentiell Client'en vun der Nordstadjugend a.s.b.l.
Allgemeng ass festzestellen, dass d'Nordstadjugend a.s.b.l. eng grouss Unzuel un Offeren, suwuel am Bildungs- wéi och am Fräizäitberäich bidd. Sou muss een awer och ganz kloer soen, dass d'Offeren sech virun allem un di 12 - 16jähreg riicht an hinnen oppen Treffméiglechkeeten a Räim ubidden, déi hinne meechtens fehlen. Fräi Räim stinn meeschtens réicht Jonken ab 16 Joer a Form vu Club des Jeunes zur Verfügung. Dofir ass di oppen Jugendaerbescht vun der Nordstadjugend an aaneren Hëlefsariichtungen ëmsou méi wichteg.
Säit der Grënnung vun der Nordstadjugend a.s.b.l. am Joër 2007, ass engersäits d'Unzuel u Jonken an de Jugendhaiser staark gewuess, anerersäits huet sech e Wandel wat di Jonk ugeet vollzunn. Während an deene leschte Joren virun allem Jonker aus de Gemengen Dikrich an Ettelréck vun den Offeren vun de Jugendhaiser profitéiert hunn, kënnt mëttlerweil de gréissten Deel vu Jonken aus deene Nordstadgemengen. Geneesou huet sech d'Popularitéit vun der Nordstadjugend a.s.b.l. vergréissert, zudeem zielen eis Aktivitéiten a Projet'en als Treffpunkt fir Jonker aus alle soziale Schichten.