18.08.2020
BODYBILLARD & OUTDOORSPILLER MAM LUDOBUSUm 13:00 treffe mir eis zu Colmer am Parc bei der Schwemm. Do gett dann ganze Kierperasatz vun dir verlangt. Am Format 1-1 spille mir Bodybiillard, Tëschenduerch kanns du dech an eiser Chillloung erhuelen oder eis verschidden Outdoorspiller vum Ludobus testen. Fir een erfrëschent Gedrénks an e klenge Snacks ass gesuergt. Bis 18:00 kanns du dech bei eis a mat eis austoben.
|
02.09.2020
VISITE MUSEE NATIONALE DE LA RESISTANCE & ESCHER JUGENDHAUSUm 12:45 treffe mir eis zu Ettelbréck beim Jugendhaus. Vun der Gare aus fuere mir mam Zuch op Esch-Uelzecht an de « Musée National de la Résistance ». No dëser Visitt gi mir d’Escher Jugendhaus besichen, wou mir flott Aktivitéiten maache kënnen. Duerno fuere mir nees mam Zuch zeréck op d’Ettelbrécker Gare an sinn fir 19:00 rëm do. Däi Picknick muss du selwer mat bréngen.
|
19.08.2020
LONGBOARD , CHILLLOUNGE & OUTDOORSPILLER MAM LUDOBUSUm 14:00 treffe mir eis zu Colmer am Parc bei der Schwemm. Hei kréie mir eng professionell Aféierung an d’Longboard fueren, mir léieren deen een oder anner Trick am machen een Tour mam Longboard duerch de Park. Tëschenduerch kënne mir eis an eiser gemittlecher Chillloung erhuelen. Fir eng kleng Erfrëschung an e Snack ass gesuergt. Dëse Nomëtteg dauert bis 18:00.
|
03.09.2020
FILM "DER JUNGE IM GESTREIFTEN PYJAMA"Als zweet Aktivitéit, zur Themewoch „II Weltkrich“ ass e Filmowend, op grousser Leinwand, am Ettelbrécker Jugendhaus virgesinn. Fir e klenge Snack ass gesuergt.
Mir treffen eis um 15:00 am Jugendhaus a kucken zesummen de Film „Der Junge im gestreiften Pyjama“. Dëst ass eng Geschicht vun engem klenge Jong, deen zu Berlin déi grausam Geschicht vum zweete Weltkrich materlierft. |
21.08.2020
DIY CORNHOLE & BALANCEBOARD & LUDOBUSMir treffen eis um 10:00 beim Jugendhaus zu Dikrich, am Dikricher Park waard dann schon de Ludobus mat senge flotten Outdoorspiller op eis. Bis 12:00 dierfe mir déi verschidde Spiller, déi de Lubobus ze bidden huet testen. Dobäi stinn natierlech de Cornhole an d’Balanceboard am Focus. No enger Mëttegpaus mat enger Fruppstuut vun der Nordstadjugend starte mir da mam DIY (Do-it-yourself)-Atelier. Hei dierf jiddereen entweder säin eegend Balanceboard oder säin eegene Cornhole gestalten. Fir 18:00 sinn mir dann fäerdesch.
|
04.09.2020
KLOERPARK STENGEFORTUm 14:00 treffe mir eis am Jugendhaus zu Dirkich, vun do aus fuere mir mam Minibus vun der Nordstadjugend op Stengefort an den Adventure Klammpark. No enger Aweisung an der Lëtzebuergescher, Franséischer oder Däitscher Sprooch kënne mir all eis Masken an d'Täsch vun eiser Box maachen an ufänke mat kloteren. Mir kloteren op enger Héicht vun 1,70m no Alter gestaffelt op ënnerschiddleche Parcours'en. An engem Kloterpark huet d'Sécherheet absolutt Prioritéit. Helmflicht a Ganzkierpergurt sinn EU-Norm a fest an zouen Turnschong e Muss. De Spaass kënnt awer och duerch déi extrem héich Sécherheetsvirschrëften net ze kuerz. Ëm 18:00 Auer maache mir eis op de Wee zréck bis op Dikrich. Däin Picknick muss du selwer mat bréngen.
|
25.08.2020
FRISBEE - GOLD & BURGERUm 11:45 treffe mir eis beim Jugendhaus zu Dikrich. Vun hei aus mache mir eis zesummen am Minibus vun der Nordstadjugend op de Wee op Buerglënster. Do waard e Parcous mat 8 „Disc Pole Hole Baskets“ op eis. Fir déi ze ereechen musse mir deen een oder anere Héichtemeter durch de Bësch an iwwert den ale Réimerwee zeréck leeën. Als Ofschloss ginn mer zesummen ee wuelverdéngten Burger an den Lou’s Diner zu Bäddeler fruppsen ier mer eis fir 20:00 rëm zeréck op Dikrich bei d’Jugendhaus maachen.
|
08.09.2020
REIDEN UM LIEWENSHAFFUm 12:15 treffe mir eis beim Jugendhaus zu Ettelbréck, vun do aus fuere mir zesummen mam Minibus vun der Nordstadjugend op den Liewenshaff zu Merscheet. Hei liewe vill verschidde grouss a kleng Déieren mat deenen‘s du ee ganze Nomëtteg kanns verbréngen. Mir wäerten eis deen Dag awer haaptsächlech mat Päerd beschäftegen, si fidderen an och op hinne reiden. Natierlech gëtt dat Ganzt vu professionellen Traineren encadréiert an du kriss op der Plaz dat néidegt Material, fir dass deng Sécherheet och garantéiert ass. Denk w.e.g un ee Picknick, deen mir dann zesummen dohannen iessen. Fir 19:00 sinn mir rëm zu Ettelbréck beim Jugendhaus.
|
26.08.2020
MAMBO RIDE & BURGERUm 14:00 treffe mir eis zu Dikrich um Parking vum Restaurant „Al Schwemm“. Do starte mer mat e puer Outdoorspiller fir eis kennen zeléieren ier mer dann 3 Stonne lang eng professionell Aféierung an de Kayakrafting am Kanal kréien. Dat ganzt Material kréien mir vum Team „Kanuraft“ zur Verfügung gestalt. Als Ofschloss genéisse mir dann e wuelverdëngte Burger vum Patati & Patata. D’Aktivtéit dauert bis 20:00.
|
11.09.2020
BEETEBUERGER PARKUm 12:00 Auer treffe mir eis beim Jugendhaus zu Dikrich, vun do aus maache mir eis mam Minibus op de Wee op Beetebuerg an de Park. Hei mache mir eis op eng Weltrees duerch d’Déierewelt! Ugefaangen an Afrika mat afrikanesch Uhu’en an anere Vigel, duerch d’Madagaskarhaus mat hire Lemuren a Flughënn, weider an Amazonien mat Piranhas, Kaimanen, Leguanen, Afen, Vullespannen, Pinguinen a Pythonen. Een Tour duerch Amerika laanscht Lama’en, Alpakas, Kapibaras, Nuesebieren, duerch Australien de Keas, Kookaburras, Emu’en a Wallabys Moien soen. Als Ofschloss Richtung Europa an Asien bei d’arktesch Wëllef, Stachelschwäin, Antilopen an eisen eenheemeschen Déieren. Fir 19:00 Auer sinn mir rëm zu Dikrich beim Jugendhaus. Däin Picknick muss du selwer mat bréngen.
|
12.09.2020
JUDDEN ZU LETZEBUERGUm 13:00 treffe mir eis op der Gare zu Ettelbréck, vun hei aus fuere mir mam Bus vun op Ëlwen a mam Minibus vun der Nordstadjugend weider an d’Pafemillen. Do besiche mir Klouschter an der Pafemillen:
1941 war am Klouschter vun der Pafemillen (Fünfbrunnen) dat „Jiddescht Altersheem“. Hannert dësem Numm huet sech allerdéngs e Sammellager fir déi jiddesch Deportatioun an d’Konzentratiouns- a Vernichtungslageren verstoppt. Haut steet um Terrain vum Klouschter en Denkmal an eng Informatiounstafel als Erënnerung un d’Deportatioun an d’Ermordung vun de lëtzebuerger Judden. D'Visitt dauert ca. 1,5 h No der Visitt steet en Hike vun 10 km vun der Pafemillen op Clierf un. Vu Clierf fuere mir mam Bus nees op Ettelbréck zeréck an sinn fir 19:00 zeréck. |